De Service Jugendwunnen riicht sech u Jonker tëscht 18 a 26 Joer, déi aus ënnerschiddleche Grënn net méi Doheem wëlle, kënnen oder och dierfe wunnen.
Et handelt sech heibäi em en autonomt Wunnen, dat just Leit an enger Noutsituatioun zougänglech ass.
Jugendwunnen ass e Service, dee sech u jonk Erwuessener am Alter vun 18 bis 26 Joër adresséiert, déi aus verschiddene Grënn net méi Doheem kënne wunnen. Eist primärt Ziel ass et Jonken ze hellefen, d'Problematik vun der Wunnnout ze léisen, andeems mir kleng Wunnéngen zu reduzéierte Loyer'en ubidden.
Doniewt soll dee Jonken a sénger Verselbststännegung, sénger Schoul oder Ausbildung,... ënnerstëtzt ginn. Wa gewënscht kann dee Jonken zousätzlech vun enger sozialpädagogescher Begleedung Gebrauch maachen. All Jonken dee vun dësem Service profitéieren wëll muss aktuell an enger gereegelter Struktur sinn (Schoul, Ausbildung, Volontariat, Arbescht,....). Wann dat net de Fall ass, muss de Wëllen do sinn, dat schnellstméiglech ze ereechen (max. bannend 3 Méint). All Jonken muss eng Hausuerdnung an en Beherbergungskontrakt ënnerschreiwen. Dobai gët och e Perspektiveplang zesummen mam Personal ausgeschafft, deen definéiert wat während der Zäit beim "Jugendwunnen" soll erreecht gin; och dëse gët ënnerschriwen an bei Bedarf aktualiséiert.
Eis Wunnéngen sinn zu Ettelbréck, zentral geleeën a gudd mam ëffentlechen Transport erreechbar. An der Emgéigend ass praktesch alles ze fannen, wat een am Alldag brauch,...vun Akafs- bis hin zu Fräizaitofferen. All Wunnéngs verfügt iwwert eng Basisausstattung, kann awer bei Bedarf ugepasst ginn.
Zur Verfügung stinn Eenzelzëmmer mat Buedzëmmer, Wunnéngen mat 2 Zëmmeren an Gemeinschaftskichenette an -buedzëmmer, Wunnéngen mat 2 Zëmmeren an Gemeinschaftsbuedzëmmer. Doniewt ass eng Gemeinschaftskichen, eng Gemeinschaftswäschkichen an en Gemeinschaftsopenthaltsraum fir jidereen zougänglëch.

nordstadjugend.lu
|